| lb | fr | pt | en |
„Wir wollen Frieden. Im Libanon und weltweit!“
Kannermissiounssonndeg 2020 den 1. an 2. Februar 2020 / Missio-Direkter begréisst nei Mataarbechterinnen
A sengem Bréif un d’geeschtlech Matbridder, d’Titularkatecheten(innen) an d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter am pastoralen Déngscht weist den Abbé Maurice Péporté, Nationaldirekter vu Missio Lëtzebuerg, op de Kannermissiounssonndeg hinn, deen dëst Joer um Weekend vum 1./2. Februar gefeiert gëtt.
Am Fokus vun deem grousse missionaresche Fest fir d’Kanner op de 5 Kontinenter steet dëst Joer de Libanon. D’Thema vum Kannermissiounssonndeg ass: „Wir wollen Frieden. Im Libanon und weltweit!“
“De Kannermissiounssonndeg ass eng gutt Geleeënheet de Kanner an och den Erwuessenen di weltwäit Solidaritéit vun de Chrëschten nozebréngen a kloer ze maachen, dass och schonn d’Kanner duerch Informatioun, Gebiet an Deelen zu Zeie ginn fir d’Evangelium. All Joer sinn d’Kanner invitéiert eng Bréck ze schloen zu engem aneren Kontinent an d’Liewenssituatioun vun de Kanner dohannen, kennen ze léieren”, sou de Missio-Direkter, deen op d’Material hiweist, datt fir dësen Dag ausgeschafft gouf an dat ee bei Missio bestelle kann: missio cathol.lu.
Den Abbé Mauriche Péporté notzt dës Schreiwes awer och, fir déi nei Mataarbechterinne bei Missio Lëtzebuerg virzestellen: “Ech hunn och di grouss Freed iech matzedeelen, dass mer zënter dem Dezember zwou nei Mataarbechterinnen an der Missio hunn. Zum engen d’Madamm Christiane Hoffmann-Berchem, déi responsabel Uspriechpartnerin fir d’ Kannermissiounswierk ass an d’Madamm Elke Grün, déi d’Madamm Mariette Levaye-Gries an der Funktioun vun der Generalsekretärin ersetzt. Der Madamm Levaye soen ech e grousse Merci fir hiert kompetent Engagement an de leschte Joren a fir all Initiativen, déi zur Beliewung vun de Missiounswierker hei am Land bäigedroen hunn. De neie Mataarbechterinnen wënschen ech ganz vill Freed a Satisfaktioun am Déngscht vun de Missiounen.”
Dir kënnt d’Kannermissiounswierk an domadder d’Kanner am Libanon ënnerstëtze mat engem Don op de CCP: LU69 1111 0171 2351 0000. Merci fir all Geste!



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76