lb fr pt en
 
29. Mee 2018

Bis un d’Quell vun der Baarmhäerzegkeet

LuxPélé: Réckbléck op eng Pilgerrees a Litauen an der Päischtvakanz

Photogalerie

An der Päischtvakanz huet LuxPélé an Zesummenaarbecht mam Weltgebietsnetz fir de Poopst eng Pilgerrees a Litauen organiséiert. Eng lokal Guidin, déi als jonkt Meedchen schonn an den achzeger Joren bei der sougenannter “Révolution chantante” derbäi war, huet d’Pilger op eng häerzlech, kompetent a respektvoll Manéier an di faszinant Geschicht vun dësem baltesche Land agefouert an di ganz Woch iwwer begleet. 

De Besuch vum Hellegtum vun der Baarmhäerzegkeet am Häerz vu Vilnius geleeën, war dann och een Haaptpilgerzil a fir vill Leit een Héichpunkt vun dëser Rees, wou d’Spiritualitéit an dëser Zäit net nëmme Geschicht schreift, mee sech méi a méi zu enger Plaz entwéckelt, wou de Message vun der Baarmhäerzegkeet nei erfuer gëtt. D’Haaptstad Vilnius, déi bis haut eng kulturell Héichbuerg an Osteuropa ass, huet mat senge sëlleche Kierche, Kapellen a Kléischter, déi nom Sovietregim nei ugefaangen hunn ze schaffen, méi wéi ee begeeschtert.

Di litauesch Haaptstad mat hirem interkulturelle Charakter, ass bis haut e “lieu de rencontre” fir vill Europäer an doriwwer eraus, eng Plaz wou ënnerschiddlech Konfessiounen a Reliounen friddlech nieftenee liewen. Grad zu Vilnius gouf d’Frëndschaft mat de Litauer geknëppt, sief et duerch di gutt Kontakter mat der lokaler Jesuittecommunautéit, dem Pater Ivan vun der Gemeinschaft vun Tiberiarde, dem Heloïse a senger klenger Famill oder dem Paschtouer Algiradas, deen äis vum éischten Owend un een Abléck an di leedvoll Kierchegeschicht vu sengem Land ginn huet.

No Vilnius goung et dann an de Norden op Kaunas a Siauliai, wou d’“Colline des croix” mat deem nei gebaute Franziskanerklouschter zu enger eemoleg Plaz vun Erënnerung a Gebiet ginn ass. Grad hei hunn d’Litauer a schwéieren Zäiten ënnert der russescher Besatzung hirem Glawen un ee Liewen a Fräiheet een Ausdrock ginn. Symbolesch fir d’Uleies vum Lëtzebuerger Grupp an als Zeeche vu geliefter Solidaritéit a Frëndschaft tëscht der Lëtzebuerger Kierch an der Litauescher, gouf um Bierg zu Siaulai och ee Kräiz geplanzt.

Den Dag drop huet d’Rees eis an d’Hannerland no Niederlitauen mat Tytuvenai a Zamaicu Kalvaria geféiert. Hei hu mir ënnert anerem d’Gaaschtfrëndschaft vun de Litauer live und in Farbe erlieft: Mënsche mat Häerz a Séil, an engem grousse Sënn fir d’Schéinheet, vun der Musek bis zur Natur; Mënschen, déi fir d’Wourecht gekämpft hunn an dat dacks mat hirer Gesondheet an hirem Liewe bezuelt hunn. Zu Honnertdausende goufen si no Sibirie verschleeft. Vill vun hinnen si ni méi heem komm, anerer koumen zréck a goufen zu liewegen Ikone vun der Hoffnung: einfach Fraen a Männer aus dem Vollek, Poeten a Museker, munch Bëscheef, honnerte vu Priister an Uerdensleit, dorënner och de Bëschof Theophilius Matulionis deem seng Séilegspriechung d’lescht Joer a Litauen stattfonnt huet.

Den Dag drop goung et op Siluva. Et ass di éischt offiziell unerkannte Marienerscheinung déi op d’Joer 1608 zeréckgeet. Op dëser Plaz ass d’Fräiheetsbeweegung vun de Litauer ëmmer nees gestäerkt ginn. Dausende vu jonke Mënschen hu sech an den achzeger Joren zum Rousekranzgebiet hei versammelt. Hire Glawen gouf duerch d’Gebiet geniert an d’Lëtzebuerger Pilger goufen Zeie vun der Wichtegkeet vun dëse spirituelle Manifestatiounen, déi een als Schlësselmomenter an der Geschicht vu Litauen kann ugesinn.

Samschdes war dann de Séi vun Trakai mat senger wonnerschéiner Waasserbuerg um Programm. Duerno sinn d’Pilger mam Bus zeréck op Vilnius gefuer. Eng Lëtzebuerger Delegatioun gouf dann och Samschdegowes vum Monseigneur Guintaras Grusas, dem aktuellen Äerzbëschof vu Vilnius empfaangen. Hien huet äis erzielt, wéi de Message aus dem Hellegtum vun der Baarmhäerzegkeet sech am gaangen ass an der ganzer Welt ze verbreeden, an dat besonnesch och ausserhalb vun Europa. Zur Zäit voll beschäftegt mat de Virbereedungen vum Poopstbesuch am September 2018, ass di litauesch Kierch am gaangen ee neien Elan ze fannen, wou et zanter der Séilegspriechung vum Bëschof Matolonius eng ganz Partie nei Beruffunge gëtt an op ville Plazen ee spirituellen Opbroch.

Dankbar an op villfälteg Manéier beschenkt, ass de Lëtzebuerger Grupp Sonndegowend no enger kultureller Soirée nees heem komm. Dës Pilger wäerte bestëmmt gutt Ambassadeure fir Litauen ginn, Zeie vun enger lieweger Kierch, wou Mënsche mat Häerz a Séil de Message vun der Baarmhäerzegkeet liewen an esou viruginn, eng Botschaft, déi d’Welt an déi mir all esou néideg brauchen.

Renée SCHMIT
renee.schmit cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu