lb fr pt en
 
9. Februar 2018

Interreliéist Gebiet fir de Fridden am Südsudan an am Kongo

Kuckt d’Fotoimpressioune vun der Feier e Freideg an der Häerz-Jesu-Kierch op der Gare

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken

De Poopst Franziskus hat fir den 23. Februar 2018 zu engem Dag vu Gebiet a Faaschten op, a Solidaritéit mat den Awunner aus de Krisegebidder am Südsudan an an der Demokratescher Republik vum Kongo. Dat grousst Uleies vum Weltfridden gouf och zu Lëtzebuerg opgegraff mat engem interreliéisem Gebiet fir de Fridden an der Häerz-Jesu-Kierch, wou sech an der Mëttesstonn ronn 130 Leit afonnt haten.... Op dësem weltwäite Gebietsdag fir de Fridden gouf eis Solidaritéit mat de Mënschen an Afrika nei thematiséiert, fir zesumme fir eng méi friddlech a gerecht Welt anzestoen.

Invitéiert op dëst Gebiet haten nieft der kathoulescher Kierch Reech eng Hand, Justice et Paix, Caritas a partage.lu.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu